Den 2ten Oktober 2018 ass déi nei ASBL "Biissen beweegt sech" gegrënnt ginn. Den Objet vun der Associatioun ass d'Promotioun vun der Beweegung, der kierperlecher Aktivitéit a vum Sport vun 0 - 99 Joer, dëst an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Biissen, der Sportskommissioun, lokale Sportsveräiner an der Maison Relais un der Atert. Am Kader vun eisen Aktivitéiten ënnerstëtze mir och den Nationalen Aktiouns Plang GIMB (Gesond iessen - mei bewegen).